Knapp neierlag
Nächste knapp Neierlaag. No enger kämpferescher Leeschtung mussen mir eis mat 1-0 zu Mamer geschloen gin.
5 Wiessel geigeniwwer zum leschte Weekend goufen et an der Startelf an eng eischt grouss Chance no puer Minutten gouf net genotzt. Dono kum Mamer besser an de Match mee mat Mann an Maus hun mer verteidegt. Och den Optakt zur zweeter Halschent waren mir erem dei mei aktiv Equippe. Mee no staarke Flanken konnten mir de Ball net an de Goal ennerbrengen. An der Schlussphase kum dun erem Mamer besser an de Matgh an per direkte Freistouss scheisst de Jager, de schlussendlech entscheedenen, Goal.
An der Schlussphas gouf et leider nach eng Giel-Roud fir de Palma. Ze rrwähnen ass dass et dei eischt Giel op der Bänk als Awiesselspiller gouf?!?!
Weider geet et nächste Weekend, erem Auswäerts, an der Coupe de Luxembourg zu Märel

bambinis tournoi
Ee flotten Bambinis Tournoi gouf et um Samschden Moien um Bloen Eck. Trotz kuerzfristeger Ofsoe vun enger Equippe haaten dei 3 Veräiner dei do waren vill Spaass.
Folgend Resultater goufen et vun eisen klengen:
BWM 2 - 4 Fiels
BWM 7 - 2 Berdorf/Consdorf
BWM 2 - 3 Fiels
BWM 6 - 0 Berdorf/Consdorf
De Spaass stung am Virdergrond!

Neierlag an der eischter minut
Direkt nom Ustouss gouf et dei kaal Dusch. An der eischter Spillminut konnt Scheffleng den 0-1 an domadd den Endstand markeieren.
Et war eng schwach eischt Halschent, mee zweet Halschent war Equippe vill besser ennerwee. No puer Chancen aus der Distanz an engem net 11m Paff hun mer et leider net mei gepaackt de Match auszegläichen.
Nächste Match ass weinst den Lännermatcher well Samsdes Owes em 18h00 zu Mamer.

Last minut victoire fir zweet equippe
Wat ee Match um Freiden Owend. Geint den Ofsteiger Luxembourg City, sin mir besser an de Match komm an gin duerch dem Bangu sein eischten offiziellen Goal mat enger Feierung an Paus.
No der Paus ass et erem de Bangu deen op 2-0 erheischt.
Dono kum Lux City an de Match an konnt an der Schlussphase ausgläichen.
Mee an der 92ter war et den Michy Martins no Korner deen den emjubelten Siegtreffer käppen konnt.

Auslousung coupe de luxembourg
De Metten war Auslousung vun der Coupe de Luxembourg.
An der Ronn vun deene leschten 64, geet et fir eis Faarwen Auswäerts op Märel an den Stade Prince Jean. Den Weekend vum 2.Oktober treffen mer do op den Opsteiger an 1. Divisioun, den FC Red Star Merl-Belair.

Auswaertsvictoire
3ten Auswäertsmatch um 4ten Spilldaag an et geet dei drette Victoire. Den nächsten Nervenkitzel an ewei zu Steesel war et een Doppelschlag em dei 70 Minutt.
Zum Matchverlaaf: No 3 Min war et den Ramos deen eng Grousschance vergin huet. Een Sonndesschoss huet Weiler a Feierung bruescht, dei den Isidro Mendes, sein eischte Goal am Miedernacher Trikot, mat engem Kappball no Korner ausgläichen konnt. No enger weiderer Grousschance vum Gullit, war et eng Onkonzentreierheet an een schnellen Aworf a Weiler huet profiteiert an mat 2-1 aus Weiler Siicht geet et an Kabinnen.
Raus aus de Kabinnen war et no der Awiesslung vum Pedro Ferro wou de Match gedreint gouf. Feeler rausgeholl an de Freistouss an de Wenkel gezirkelt war et direkt drop een Konter deen propper rausgespillt gouf. De Paiva am Goal klärt de Korner mat de Feischt, Malheiro mam weide Ball op den Ferro an deen flankt op den zweete Poteau wou den Malheiro stung. Eiskaal geint Laafrichtung war de Match gedreint.
Dono war ewei zu Schieren an Steesel verteidegen ugesoet an Daumen drecken. 6 Min Nospillzäit iwerstaan an 9 Punkten stin op eisem Compte.
Gleckwonsch un Equippe an den Trainerstaff fir dessen nächsten Exploit. Och ee grousse Merci un dei matgereesten Supporter.

neierlag am eischten heemmatch
Onglecklech Neierlaag geint Canach. An de leschten Minutten huet Canach nach den entscheedenen Goal fonnt.
Canach hat iwert de gaanzen Match gesin dei mei gefeierlech Chancen mee duerch den Ramos (1. Halschent) an Ferro (2. Halschent) haaten och mir Chancen op Feierung.
An der 86ter war et dun een ofgeblockten Klärungsversuch (mat der Hand?!?!) deen beim Costa um Fouss gelaand ass deen alleng virum Goalkeep eiskaal bliwwen ass.

zweet wennt zu steesel
An engem extrem spannenden Match teschend zwee gleich staarken Equippen huet et laang no engen Gleichspill ausgesinn! An der 90+5 Minutt war et den Delgado deen fir Entscheedung gesuergt huet! Mat wichtegen 3 Punkten Auswäerts start eis 2. Equippe an dei nei Saison