gewenner brasserie simon cup
Mat 2-0 gewannen ons Faarwen Final zu Woltz an sin domadd Vainqueur vum Brasserie Simon Cup!
Merci un dei Weltzer fir deen flotten Tournoi dei gaanz Woch.

Ab an Final
Finals @ Brasserie simon cup

Muer um Sonnden stin dann Finallen vum Brasserie Simon Cup zu Woltz un.
Schon em 11 Auer geet et an der Halleffinal geint SG Arzfeld.
Direkt hannendrop ass et de Match Wentger geint Housen.
Em 13h00 wär dann Partie em dei drette Plaatz an em 14h00 dei grouss Final.
Alleguer Matcher dauern 45 Minutten.

Eischten am Grupp A
Mat zwou Victoiren zeihen mir an Finalen an. Halleffinal geint den eischten aus dem Grupp B, dei muer spillen, ass dann e Sonnden em 11 Auer erem hei zu Weidingen um Terrain "am Petz".
Brasserie Simon Cup zu Woltz

No eisem eegenen Tournoi lescht Woch, spille mir des Woch um Brasserie Simon Cup vum FC Wolz.
Mir spillen direkt Méindes am Grupp A, em 19h00 treffe mir op Clierf an direkt hannendrop em 20h00 op Harel. Matcher dauere 45 Minutten.
E Samsden oder Sonnde spille mir dann op de Finalen fir Endplatzéierungen.

gewenner vum Tournoi 75 Joer
Haut waren Finalen, an bei guddem Wierder a flotten Matcher virun villen Zuschauer gouf vill gebueden.
Mir kennen eisen Tournoi gewannen, an Coupe bleift an eiser Buvette stoen.
No den Finallen hun mer dann nach eisen langjähregen Kaptiän Dan Pereirea verabschied.
Merci un all Equippen fir deelhuelen, den Spporter fir kucken kommen an den Benevolaten fir hellefen.

Finalen vum Tournoi 75 Joer

Finale vun eisem Tournoi fir déi 75 Joer sin da muer ab 18h00 bei eis um Bloen Eck.
Entrée ass fräi, Buvette an de Grillstand sin op.
P.s. Spillzäit ass 90 Minutten pro Match.

Resultater vum zweeten daag

Och um zweeten Daag goufen et flott a spannend Matcher.
Domadd steet och de Spillplang vun e Samsden.
Em 18h00 spillt Colmar geint Reisduerf fir dei 7tn Plaatz. Zäitgläich fir dei 5t Plaatz ass et dann den USBC geint Ierpeldeng.
Em 20h00 ass et Spill em Plaatz 3 teschend Feelen an der Fiels, während Final teschend eis an Baastenduerf um Terrain 1 ofleeft.

zweeten daag tournoi 75 joer

Zweeten Dag vun eisem Tournoi fir déi 75 Joer.
Em 20h00 spillt Reisduerf géint Baastenduerf an Fiels géint Ierpeldeng. Direkt dono um Terrain 1 Gewënner géinteneen an um Terrain 2 déi jeeweileg Verléierer. Spillzäit ass weider 45 Minutte pro Match.

Resultater vum eischten daag
Eischt Dag vum Tournoi ass riwwer. An der Grupp A gouf Veierelsfinal an Halleffinal gespillt. Et waren flott Matcher an besonneg spannene Halleffinalen.
Escihten daag tournoi 75 joer

Den Owend geet et lass mat eisem Tournoi zu 75 Joer.
Em 20h00 spillt eis Equippe géint Colmar-Bierg um Terrain 1. Zäitgläich spillt US Feelen um Terrain 2 géint Berdorf-Consdorf.
Direkt am Uschloss treffe Gewënner um Haaptterrain an Verléierer um Niewenterrain openeen. Spillzäit ass jeeweils 45 Minutten.

Tournoi 75 joer

Fir eis 75 Joer ze feieren, organiséiere mir Mëtt Juli matzen an der Virbereedung een Tournoi mat Equipen aus der Ëmgéigend.
Dënschdes (18.07) a Mëttwochs (19.07) ginn d’1/4- an d‘1/2-Finallen à jeeweils 45 Minutten op béiden Terrain gespillt.
Samschdes den 22.07 stinn da Platzeierungsspiller ab 18 Auer un. Hei lafen d’Matcher och zäitgläich op béiden Terrain of. Spillzäit hei sinn awer 90 Minutten.
Nieft eiser Equipe wäerten nach d’Equipe vu Colmer-Bierg, Berdrëf-Consdrëf, Feelen, Baastenduerf, Reisduerf, Ierpeldeng an der Fiels deel huelen.

Victoire am test geint canach

An engem Match wou et vill rop a rof gaan ass, gewannen mir geint een direkten Konkurrent mat 5-3.
Eischt Halschent war et den Aristote Madiani mat 3 flotten Goaler, dorenner 1 direkte Freistouss. An der Schlussphase war et den Bryan Maene mat engem Doppelpack deen de Saack zougemaach huet.

Testmatch um bloen eck

Éischten Testmatch um Bloen Eck géint een direkte Konkurrent aus der Éierepromotioun. Zum Optakt vum Weekend kennt op dësem Freiden Owend Jeunesse vu Canach op Besuch.
Upaff ewéi gewinnt em 20h00. Buvette ass natierlech op.

Victoire am test geint usbc

Zweeten Testmatch eriwwer an Equippe huet eng gutt Leeschtung gewisen. Éischt Hallschent war et een Hattrick vum Moukoko, no Wiessel an der Paus war de Spillfloss bliwwen an Equippe huet weider staark kombinéiert.
Flott ze gesi war de leschte Goal, no Virlag vum 18 Järegen Timon Taspanos war et de 16 Järege Jeff Kontz den zum Endstand verwandele konnt.
Weider geet et en Freiden, déi éischte Kéier des Saison um Bloen Eck, géint Canach aus der Éierepromotioun.

test zu berdorf

Zweeten Testmatch, dësen Dënschden Owend zu Berdorf am Stade Martbusch géint den USBC aus der éischter Divisioun.
Upaff ass em 20h00.
Upaff ass em 20h00.
teambuilding
Eischten testmatch ass gespillt

No enger Woch Training an schwéieren Been ass den éischten Testmatch um Racing gespillt gin. 3-0 ass Endresultat. Weider geet et en Dënschden em 20h00 zu Berdorf géint den USBC.
eischten testmatch fir dei nei saison

No der éischter Woch Training steet um Samschden am freien Owend den éischten Testmatch fir eis éischt Equippe um Programm. Eng éischt Chance fir eis Neizougäng an Action ze gesinn.
Ugepaff geet em 18h00 um Verluerekascht am Stade Achille Hammerel.