Neierlag zu ettelbreck
Um Enn eng heich Neierlag zu Ettelbreck, dei lescht 15 Min missten mir Verletzungsbedengt zu 10 spillen.
Nächste Match, de leschte Heemmatch ass schon en Samsden em 18h00 um Bloen Eck geint Luerentzweiler.

Pupilles 2
28. spilldag
Och wann mir den Ofstiig net mei verhenneren kennen, stin des Saison nach 3 Matcher um Programm.
E Sonnden em 16h00 geet et zu Ettelbreck am Deich geint Etzella. Den BGL League Ofsteiger, seit 6 Matcher ouni Victoire, ass nach emmer am Opstiigsrennen. Mir wellen awer, genee ewei am Hinmatch (2-1 Victoire), fir Iwwerraschung suergen.

Ofstiig ass perfekt
Domadd steet och offiziell fest dass mir ofsteigen.
Et huet ons gefall an der Eirepromotioun a mir sinn houfreg, datt mer mat etabléierten Equipen konnte mathaalen. Et war eng spannend Zäit, wou mer vill geleiert hun an mir haten 5 grandios Saison'en hannerteneen. Den Ofstieg ass awer kee Beenbroch mee eng gutt Geleeënheet, e bëssen Loft ze huelen, sech ze fannen an no der schwéirer Saison mol rëm Loscht um spillen ze kréien.
Mir geneissen elo nach dei 3 lescht Matcher des Saison an kennen ouni vill Drock fräi opspillen.

zweet wennt de leschten heemmatch
27. spilldag
Nach 4 Matcher sin des Saison ze spillen an bei 10 Punkten Reckstand op Barrageplaatzen ass rechneresch nach alles dran.
Och eise Geigner Canach brauch onbedengt Punkten am Ofstiigskampf.
Mir gin Hoffnung bis zum Schluss net op an hoffen mat eisen Supporter am Reck endlech erem een Erfollegserliefnis feieren ze kennen. Dofir kommt all e Sonnden fir 16h00 op Steeen op de Bloen Eck.
De Matchball geet vum Gusty Venancio gesteft, e grousse Merci.

Schwaach eischt halschent
No schwaacher eischter Halschent waren mir zweet Halbzeit besser mee un Resultat huet et neischt mei geännert.
Stephan zwaag neien trainer
Wärend der Zeit dass de Georgios Tsapanos als Interim-Trainer ausgehollef huet ware mir weider op Sich no engem Coach fir d Zukunft.
Elo freeë mir eis matdeelen ze kënnen dass de Stephan Zwaag, Coach mat enger gewëssener Erfarung, de Wee bei eis an de Veräi fonnt huet.
Dem Georgios wellen mir awer nach ee grousse Merci fir säin Engagement soen!

26. spilldag
Eischte Match mam neien Trainer op der Säitenlinn an et geet Auswäerts op Flohr geint Traditionsequipe vun Greivenmaacher.
Fir nach ee Wiertchen am Ofstiigskampf matzeschwetzen zielt nemmen eng VIctoire. Dofir kommt all Match op Musel an ennerstetzt eis Equipe Sonndes ab 16h00.