Bienvenue christian muaka
Christian Muaka heescht eisen nächsten Neizougang.
Den 25 Järege franséische Stiermer kennt vun der US Berdorf-Consdorf.
Virun 2 Joer huet en zu Uewerkuer mat 9 Goaler an 7 Assists geglänzt. Lescht Saison waren et an der 1. Divisioun 15 Goaler fir den USBC.
Mir begreissen de Christian bei eis um Bloen Eck an hoffen dass seng Entwécklung och an der Éierepromotioun sou weider geet.

Welcome timon
Nodeems mer Iech de Weekend de Jeff Kontz als éischte Junior virgestallt hunn ass et haut um Timon Tsapanos.
Den Timon huet 18 Joer an huet mam Fussball zu Jonglënster ugefaangen. Hien ass ee geleierte Stiermer an wiesselt vu Stroossen elo op de Bloen Eck.
Domadder vergréissert den Timon, zesumme mam Jeff an eisen eegene Jugendspiller Noa Schulté a Anderson Fernandes Jugendfraktioun vun den 18 Järege bei der éischter Equippe, wat och de Virstellunge vum Cheftrainer Olivier Lickes entsprécht.

Jeff kontz wiesselt op de bloen eck
Fir déi nei Saison hunn mer zwee Junioren transferéiert, déi bei de Senioren integréiert wäerte gin.
Den éischte Spiller dee mer Iech do virstellen ass de Jeff Kontz, ee jonken talentéierte Spiller deen an der Lëtzebuerger U17 ënnert dem Mario Mutsch opleeft.
Hien ass een Dikrecher Jugendspiller, deen no enger Zweschenstatioun bei der Ettelbrécker Etzella (2 Joer), elo säin nächste Schratt an senger Karriär bei eis um Bloen Eck mëscht.
Mir sin frou dass de Jeff sech sengem Papp, dem Dan Kontz, eisem Jugend Coordinateur vu Blo-Wäiss Medernach uschléisst a setzen domadder ënnert anerem weider op jonk Lëtzebuerger Talenter aus der Regioun.

scheinen nationalfeierdaag
Vu marseille op de bloen eck
Mir si frou Iech kenne matzedeelen, dass mir mam Evan Huriez ee weidere Goalkeep ënner Kontrakt geholl hunn.
Den Evan kennt vun der Olympique Marseille wou hien seng ganz Jugend verbruecht huet.
Den 20 Joer jonke Fransous koum och an der Franséischer U-16 Nationalequippe zum Asaz.
Laut eisem Goalkeepstrainer Sascha Apitz, hunn mir domadder fir déi nei Saison zwee talentéiert Goalkeeper ënner Kontrakt geholl an dofir si mir eis sécher mam Evan Huriez a mam Dany Rodrigues dat richteg Goalkeepsduo fir eis Zukunft fonnt ze hunn.
Mir begréissen domadder den Evan häerzlech fir déi nächst 3 Joer um Bloen Eck.

Merci capitano
Nierwent all deenen Neizougäng, gin et natierlech och ëmmer Ofgäng. Bei engem Spiller wëllen mer awer hei een besonneschen Merci soen!
Den Dan Pereira verléisst ass no 5 Joer Richtung US Feelen.
2018 ass den Dan aus der Éierepromotioun vum FF Norden 02 zeréck bei eis op Miedernach an 1. Divisoun koum. Hien ass direkt ee Schlësselspiller gin an hat groussen Undeel un eisem Opstig. Besonnesch säin 11m Goal an der Verlängerung vum Barragematch géint Ierpeldeng bleift ëmmer an Erënnerung.
Nom Opstig ass den Dan och direkt Kapitän gin an huet Equippe duerch eng éischt schwéier Saison gefouert.
Wichteg Goaler huet en geschoss ewéi säi Last Minutt Freistousshummer géint Käerjeng oder an senger leschter Saison seng Dramgoler vun der Mëttellinn.
91 Matcher an 10 Goaler (laut Fupa Statistik; et sinn der sécher weit iwwer 100 Matcher) méi spéit geet et Zäit Äddi ze soen.
Mir soen dem Dan ee grousse Merci fir säin Engagement um an nierwent dem Terrain an wënschen him vill Succees zu Feelen, mee mir sinn eis sécher den Dan an senger Fräizäit um Bloen Eck begréissen ze kennen, wëllkomm ass hien ëmmer.

Welcome andric moukoko
Niewent erfuerene Spiller, baue mir awer och déi nächst Saison op Talenter.
Dofir si mir frou Iech mam Andric Moukoko, een 21 järegt belscht Stiermertalent ze präsentéieren.
Den Andric kennt vum RFCB Sprimont op de Bloen Eck a wäert an Zukunft fir déi nächst Joren, bei eis am Blo-Wäissen Trikot op Goaljuegd goen.
Mir begréissen den Andric häerzlech zu Miedernach a freeën eis op déi gemeinsam Zukunft.

Testspillprogramm 2023/2024
Nom Spillplang vun der Eirepromotioun geschter, kennen mer Iech haut schon Virbereedung mat den Frendschaftsmatcher vun der eischter Equippe präsenteiern.
Lass geet et Sonndes, den 09.07 em 15h00 beim BGL Ligist zu Woltz.
Um Simon Cup spillen mir Meindes den 24.07 an der Grupp A em 19h00 geint Clierf, direkt hannendrop em 20h00 geint Harel. Dono wessen mer op et Samsdes (29.07) oder Sonndes (30.07) fir eis weider geet.
Weider Informatiounen zu eisem Tournoi fir dei 75 Joer wäerten op eisen gewinnten Säiten nokommen.
Ofschloss mescht eng Woch virum Championatsufank den Frendschaftsmatch um Bloen Eck geint Useldeng.

Programme eirepromotioun
De Spillplang fir déi nei Saison 2023/2024 ass raus.
Eis fënneft Saison an der Éierepromotioun starte mir den 20.08. um Bloen Eck géint Mamer. Dest ass dann zugläich och den 26.05.2024 Auswäerts de leschte Match vun der Saison.
Den Hironnen-Oofschloss fënnt den 10.12 zu Luerenzweiler statt. Dann ass Wanterpaus bis et den 18.02.2024 doheem géint Weiler weider geet.
Ewéi gewinnt sinn all Matcher an der Reegel Sonndes em 16h00, all Ännerung gitt dir op eise Säite gewuer.

flotten 11m tournoi
Op engem flotten 11-Meter Tournoi bei herrlechem Wierder war et bis zur Final an all Partie spannend bliwwen. Um Enn muss sech déi heemesch Equipe Blo-Wäiss Miedernach an der Final géint Equipe FC Garcia Guetta geschloe ginn.
Merci un all Equipe fir deel huelen, un all Zuschauer fir matfieberen an all de Benevolaten fir hëllefen a Méiglechkeet dass dësen Tournoi weider statt fënnt.

Bambinis am asatz
Chers parents, merci de votre temps aujourd’hui. Bien joué les enfants, voici les scores de la journée:
BWM contre Mamer 4-1 gagné
BWM contre Steinsel 8-0 gagné
BWM contre Mersch 5-3 gagné
BWM contre Mamer 4-1 gagné
BWM contre Steinsel 8-0 gagné
BWM contre Mersch 5-3 gagné
neie goalkeep um bloen eck
Och op der Goalkeepspositioun verstäerke mer eis fir déi nei Saison.
Mam Dany Rodrigues vum Ofsteiger Jonglënster sinn mer frou Iech schonn ee vun eisen neie Goalkeeper kennen ze präsentéieren.
Den Dany war trotz sengen eréischt 19 Joer lescht Saison Stammgoalkeep beim FC Jeunesse an der Éierepromotioun.
Bei 22 Matcher huet hien et net manner ewéi 6x an d'Fupa 11 der Woche gepackt.
Mir begréissen den Dany häerzlech bei eis um Bloen Eck an hoffen zesumme mat him fir déi nächst 3 Joer op eng staark Zukunft am Blo-Wäissen Trikot.

Zeeche geint mobbing
No deene schlëmme Biller, déi säit gëschter an de Soziale Medie ronderemzirkuleieren, wëlle mir als Veräin een Zeeche GÉINT Mobbing an Diskriminéierung setzen. Mir toleréiere KENG Aart vu Mobbing an Diskriminéierung weder bei eis am Veräin nach an der Gesellschaft.
Mister FUPA
An dësem Artikel wëlle mer enger gewëssener Persoun e risegrousse Merci ausschwätzen. Bei där Persoun handelt et sech em keen Anere wei de Kevin Harpes.
Firwat? Ma ganz einfach.
Seid Jore begleet de Kevin den FC Blo-Wäiss Miedernach, këmmert sech greisstendeels em déi eenzel Social Mediales vum Veräin a mëscht, sou weit et dat blo-wäisst Häerz zouléisst, objektiv Live-Tickeren op FuPa. D‘Live-Tickeren sinn awer am grouße Ganzen gudd ugesinn, ass dach oft een positiven Feedback ze heieren.
An de leschten 365 Deeg kommen net manner wei 86(!!) Liveticker zesummen, wat weist dass de Kevin net nëmmen op de Matcher vun der éischter Equipe ass, mee gréisstendeels och vun der zweeter Equipe. Merci FuPa fir des Statistik.
Mir hoffe weiderhin op deng Presenz an freeën eis op d‘Liveticker nächst Saison.
Merci Mister FuPa

bienvenue maxime thiel
Mir si stolz Iech kennen eisen nächsten Transferts fir déi nei Saison ze präsentéieren.
De fréiere belsche Jugendnationalspiller Maxime Thiel wiesselt op de Bloen Eck. Genee ewéi den Omar, kennt hien vum KVK Westhoek. Ausgebilt gouf hien an der Jugend vum LOSC Lille an dem Standard de Liège. Mat sengem 1m87 ass hien ee polyvalente Spiller an der Defense wou hien duerch seng beidfüssegkeet eigentlech all Positioun besetze kann. Trotz eréischt 21 Joer huet hien scho vill Erfarungen an der Belsch, ënnert anerem bei Zulte Waregem, an International sammele kennen.
Mir si frou dass de Maxime sech fir déi nächst Joren eisem Projet uschléisst an eise Kader hellt op Wäitsiicht och weider Form un.

footballdaag zu ettelbreck
Geschter war den nationalen Footballdaag zu Ettelbreck.
Bambinis hunn eng richteg staark Performance gewissen an vun 5 Matcher der 4 gewonnen.
Den Trainer Maarten de Graaf mat folgenden Wierder:
Chers parents,
SUPERBE performance aujourd’hui de nos jeunes vainqueurs! Je suis très fier de chacun! Vous avez aujourd’hui fait preuve de vos capacités dont vous disposez et avez bien mérités ces scores.
Nous allons continuer d’avantage de travailler sur ces capacités, afin de nous améliorer en continu. Je suis convaincu que d’ici quelque temps nous saurons jouer du foot joli, propre et efficace.
Voici les résultats des jeux d’aujourd’hui:
15:24h terrain D contre Mamer
3-1 gagné
16:12h terrain E contre Mersch
2-1 gagné
16:36h terrain K contre Mondorf/Schengen
3-0 gagné
17:12h terrain F contre Mertzig
3-2 gagné
17:36h terrain L contre Mondercange
0-1 perdu
Je vous remercie tous de votre temps et de votre confiance. Bien joué les enfants!
FC Blo-Waiss Huel se!

mir begreissen den dylan martins
No puer etabléierten auslännesche Spiller, hunn mir och ee Lëtzebuerger Transfert mat Wäitsiicht gemaach.
Vum Ofsteiger Biissen kennt ee jonkt Verteideger-Talent op de Bloen Eck.
De 22 Joer jonken Dylan Martins Teixeira, dee mat sengem staarke lenke Fouss als Lénksverdeedeger zum Asaz kennt, huet seng fussballeresch Ausbildung zu Péiteng an Diddeleng gemaach. Lescht Saison koum hien an der Éierepromotioun iwwer 20 Mol zum Asaz.
Mir sinn frou, dass mam Dylan ee jonke lëtzebuerger Spiller sech fir eise Veräin entscheet huet a freeën eis op déi gemeinsam Zukunft.