merry xmas
welcome dylan

Nom Gullit präsenteieren mir Iech haut och direkt nach eisen zweeten Wantertransferts.
Den Dylan Meireles ass den zweeten neie Spiller an dësser Wanterpaus. No laange Jore beim Stater Racing huet de Verdeedeger de Wee op Grenz bei Jeunesse vun Esch gewot. Trotz sengem eréischt 23 Joer konnt hie schonn seng Erfarungen an der BGL Ligue sammelen. Den Dylan ass e jonken an talentéierten, mee och hongerege Spiller mat enger gudder Mentalitéit.
Den Dylan wëlle mer häerzlechst bei eis zu Miedernach begréissen a wënschen him ganz vill Gléeck a Spaas an senger neier Equippe.

gullit nei um bloen eck

No de gudden Noriichte vum Jeoffrey lescht Woch, kenne mer Iech och schonn eisen eischten Wantertransferts presentéieren.
Vum FC Marisca Miersch, kennt dat 20 Järegt Talent Gullit Ramos an Ärenzdallgemeng spillen. Seng éischt Schrëtt am Fussball huet hie vu Lëntgen iwwer Diddeleng an dunn beim Progrès Nidderkuer gemaach. Beim Progrès hat hien et souguer an de Spilldagskader vun der Europa League Qualifikatioun gepackt. Dono ass et weider op Miersch gaangen, wou hien des Saison konstant Leeschtungen ofgeruff huet. 7 Goaler an 3 Virlagen huet de Gullit des Saison fir déi Mierscher opgeluecht an et domadder och 2x a d'Fupa Eelef vun der Woch gepackt.
Mir begréissen den Gullit ganz häerzlech bei eis am Veräin an hoffen dass mir mat him zesummen eisen Ziler erëm ee Schratt méi no komm sinn.

kleeschen op besuch
jeoffrey bleift um bloen eck

Wanterpaus ass knapp amgaang a mir kennen Iech nach viru Chrëschtdag gutt Noriichte matdeelen.
De Jeoffrey de Oliveira Ramos Correia bleift eis, no opfalende Leeschtungen, och déi nei Saison 2022/2023 trei.
Mat 11 Goaler esou ewéi 5 Virlage bei nëmmen 10 Matcher, ass hien dëst Joer ee vun de beschte Goalgetter an der Éierepromotioun. Dobäi kommen nach 3 Goaler an 3 Matcher bei der zweeter Equippe. Déi gutt a familiär Ambiance an der Equipe, am Staff an am ganze Veräin hunn him des Entscheedung liicht gemaach. Domadder geet ee weidere wichtege Spiller de Wee vum Veräin an d'Zukunft mat.
Mir si stolz, esou ee grousst Talent weider am Blo-Wäissen Trikot ze gesinn an hoffen op weider gutt Leeschtungen a vill Goaler.