3 neizougang
Haut stelle mir iech 3 weider Spiller vir, déi och nächst Saison um bloen Eck spillen.
1) De Pedro Dos Santos ass lescht Joer op Miedernach gewiesselt nodeems hien schonn vill Erfarung an der BGL-Ligue gesammelt huet. Mir si frou, dass hien beim Blo-Wäiss verlängert huet.
2) Den Tom Mazouin kennt aus der Miedernacher Jugend an huet lescht Joer trotz grousser Konkurrenz de Sprong an den 1t-Equipeskader gepackt. Mir hoffen op vill weider Joeren am blo-wäissen Trikot.
3) Mam Luca Dammicco konnte mir e Stiermer fir e weidert Joer iwwerzeegen bei eis ze spillen. Säit 2019 spillt hien zu Miedernach.

wichteg spiller bleifen dem verain trei
Mir si frou iech matzedeelen, datt de ganzen Trainerstaff och fir d’Saison 2021/2022 bestoe bleift. Den Olivier Lickes gëtt dobäi ënnerstëtzt vum Lou Mannon an David De Sousa. Goalkeepstrainer ass de Sascha Apitz an den Vincent Verna bleift eis als Sport- an Teammanager erhalen. Mir si frou, mat Kontinuitéit an voller Motivatioun déi nei Saison ze preparéieren.
D’Kaderplanung ass och voll um Gaangen a mir sinn immens frou, dass de Groussdeel vun eise Spiller laangfristeg beim Blo-Wäiss plangen. Mir stellen iech an den nächsten Deeg an kommende Wochen no an no eis Spiller vir.
Ufänke maache mir mat eisem Goalkeeper, dem Loïc Parnasse, dee scho säit 2017 fir eis Faarwen spillt. Och nächst Saison paréiert hien fir de Blo-Wäiss.
Den Dany Pereira ass Inneverteideger an ass 2018 vun Dikkrech riwwergewiesselt. Hien huet sech hei ganz schnell agelieft an weist all Match vollen Asaz.
De Pedro Ferro ass réicht lescht Joer bei eis gewiesselt an konnt duerch de Spillofbroch réicht 2 Matcher fir eis maachen. Dofir fréee mir eis emsou méi, datt hien décidéiert huet nächst Joer fir eis op Goaljuegt ze goen.