eischt gewennt geint biwer
eischt iwwerrennt vianden
unentschieden zu wuermer
test geint einen
arbitter dani dias

Gutt Noriichten ginn et dann och am Beräich vun den Arbittere beim FC Blo-Wäiss Miedernach, méi genau mam Dani Dias. Nodeems den Dani schon eng sëlleg Matcher an der Jugend fir den FC Blo-Wäiss gepaff huet, huet en sech 2016 entscheet, Coursen als Arbitter bei der FLF nozegoen.
Steet den Dani haaptsächlech an der BGL Ligue als Assistent op der Linn, päift en och selwer Matcher an den éischten Divisiounen. Seit dësem Joer ass den Dani dann offiziell FIFA-Assistent Referee a ka mat op international Matcher. Bis lo stinn 2 international Jugend-Tournoi (U17 an U19) an 2 Matcher bei der A-Juniore Youth League op sengem Compte.
Fir dese Parcours welle mir dem Dani gratuleiren a wënschen him vill Erfolleg fir seng weider Karriär.

test geint schieren
test geint etzella

Bei schwéiere Wiederbedingunge gouf et gëschter Owend den zweeten Testmatch am Joer 2022. Zu Gaascht war Etzella, eng Equippe aus der BGL.
Ettelbréck war dann och Equippe, déi no Ronn 20 Minutte mat 1-0 a Féierung gaange sinn. Dorop hate mir dann duerch de Jeoffrey séier eng Reaktioun gewisen.
An der zweeter Hallschent war et dunn eng staark Leeschtung, hannen huet de Bruno Pereira puer Bäll staark paréiert a vir huet Equippe seng Chancë genotzt.
Um Enn war et dann no weideren Goaler vum Felix Maillet, Luca Dammicco a Pedro Silva eng 4-1 Victoire bei déckem Niwwel.

match um bloen eck ofgesoet
Wichteg info

All eis Matcher lafen ënnert dem neien Covidcheck Prinzip.
Et gellt den 2G+ fir dei geimpft an genessen Leit, dat heescht Sie mussen endweder een zertifizeierten negativen Test noweisen oder sur Place een Schnelltest (et gin keng Tester vum Veräin zur Verfügung gestallt) selwer maachen.
Fir all Leit dei schon hir Booster Impfung krueten, mussen keen negativen Test noweisen.
Een PCR Test ass 48 Stonnen gutt an een zertifizéierten Schnelltest ass 24 Stonnen gülteg.
Kanner ënner 12 Joer an 2 Meint dierfen weiderhin ouni Zertifikat ran.
Plaatzen sin op 200 Léit limiteiert.

trainingsoptakt
No enger dach éischter kuerzer Wanterpaus huet d'Equipe an de Staff den Training haut rëm ugefaangen. Trotz stännegem Reen waren d'Jonge motivéiert. Mat dobäi waren dann och déi 2 Verstäerkungen déi an der Wanterpaus bei d'Equipe dobäi gestouss sinn, den Dylan Meireles an de Gullit Ramos. De Plang mat de jeeweilegen Testmatcher sinn op eisem Internetsite ze fannen.