programme 01.04-09.04.2023
Turbulent victoire

Turbulenten, spannenden an ereignisreichen Match haut am freien Nometten um Bloen Eck.
An enger eischter schwaacher Halschent ouni vill Chancen, war et Berbourg dei a Feierung gaan sin. Mam Halbzeitpaff war et den Joao Malheiro deen fir den Ausgläich suergen konnt.
Direkt nom Pausentei war et den Hayato Yamauchi mat engem scheinen Goal deen eis Feierung gin huet.
No 70 Min hun mer eis dann selwer geschwächt, den Fede Gallois kruet no sengem zweete Feeler seng Giel-Roud. Mee dat huet Equippe net gesteiert, et war den Gullit Ramos deen op 3-1 erheichen konnt.
Direkt hannendrop war et Berbourg dei erem verkiirzen konnten.
No Auswiesslung kruet den Kapitän Dan Pereira dann eng Giel-Roud well en an Kabinn duschen goen wollt statt op der Bänk setzen ze bleiwen.
Dono ass net mei vill geschitt an Miedernach konnt mat enger weider kämpferescher Leeschtung drei Punkten am Ofsgiigskampf huelen.

22. spilldag

Opgepasst, weinst dem Lännermatch, deen Owend teschend Letzebuerg a Portugal, ass den Upaff en Sonnden schon em 14h30!
No der extrem wichteger Victoire leschte Sonnden zu Bissen, wou een als Miedernacher konnt houfreg op Equippe an hir Leeschtung sin, geet Equippe, no deenen erkämpften Punkten um Terrain, elo mat Reckewand an dei nächst Matcher. Elo gellt et um heemegen Bloen Eck nozeleen!
Am Hinmatch, genee ewei dei zwee Matcher lescht Saison, war dest een haart emkämpften Duell wou et emmer bis zum Schluss extrem spannend war.

Wichteg auswaertsvictoire

Eng extrem wichteg Victoire an engem Match voller Emotiounen.
Eng frei 0-1 Feierung fir eis Faarwen duerch den Gullit Ramos, deen no engem ofgewierten Schoss vum Schimei Pita goldrichteg stung.
Eng absolut Glanzparad vum de Paiva huet den Virsprong zur Paus festgehaaln. Kuerz no der Paus war et no engem laangen Freistouss vum de Paiva den Delgado deen op 2-0 erheichen konnt.
An der 61. Spillminut kruet den Joel da Mata seng zweet Giel Kaart am Match wat eng Roud zur Folg haat. Mat 10 Mann hun mer dann hannen alles probeiert fir dei 3 Punkten mat op den Bloen Eck ze huelen.
Bissen konnt nemmen nach den Uschlosstreffer markeiern. Den knappen Virsprong hun mer dun iwwert Paus gerett an huelen gaanz wichteg 3 Punkten mat Heem.

21. spilldag

Extrem wichtege Match am Ofstiigskampf, geet et Auswäerts geint den zweetleschten vun Bissen.
Nemmen 1 Punkt trennt eis vun de Barrageplaatzen, de Virsprong op Bissen sin 7 Punkten.
Mat der kämpferescher Leeschtung vun de leschte Wochen, e besse mei Gleck, an eise treien Supporter am Reck, probeiert Equippe sech ee positiv Resultat ze erspillen.
Am Hinmatch gouf et eng batter 0-1 Heemneierlag.

zweet verleiert geint baastenduerf

An engem Match mat villen Chancen op beiden Säiten bei streimendem Reen waren et dei Baastenduerfer dek virum Goal eiskaal bliwwen sin. Seier 0-3 a Reckstand huet Equippe et emmer weider probeiert mee de Ball wollt haut einfach net iwwert Linn.
programm 17.03-28.03.2023
zweet geint baastenduerf
RIP
Knapp neierlag

No engem kurieisen Feierungsgoal an der Ufankphase, ee Schoss vum Joao Malheiro geet un de Poteau vun do op de Goalkeep an zereck op de Poteau an ran. Mee dun war et um Toptorschütze vu Mamer, dem Jager. Nom 1-1 kum et duerch een Handelefmeter zur 1-2 Feierung fir Mamer. An der 67 Min, war et nom Jager sengem Hattrick, gefillt Entscheedung mee den Delgado konnt mam 2-3 den Uschloss markeieren.
Dest war awer leider och Schlussresultat, an eng weider kämpferesch Leeschtung, wou Equippe nie opginn huet, ass et net dur gaan fir 1 Punkt heizehaalen.
Nächste Weekend geet et dann zu engem extrem wichtegen Ofstigskampfduell op Bissen. Engem richtegen 6 Punkte Match ewei een sou gaer seet.

20. spilldag

No enger kämpferescher Leeschtung zu Scheffleng dei net belount gouf, well Equippe doheem hannerteneen ongeschloen bleifen.
Op Besuch kennt awer mam FC Mamer 32 keen einfachen Geigner op den Bloen Eck. An der Eirepromotioun ass Bilanz, no 5 Matcher geinteeneen mat 2 Victoire, 2 Neierlagen an 1 Gläichspill ausgeglach.
Am Hinmatch gouf et eng knapp a speit 1-0 Neierlag.

eischten heemmatch 2023 fir zweet equippe
Neierlag zu scheffleng

No ausgeglachener eischter Halschent war Scheffleng an der zweeter Halschent besser an gewennt mat 2-0 geint eis Equippe.
Kämpferesch war Leeschtung erem top vun eisen Jongen, lo heescht et "Mund abwischen und weitermaachen".
Nächste Sonnden steet erem een Heemmatch um Programm geint Mamer.

19. spilldag

No der wichteger Heemvictoire geint Weiler steet als nächst een schwieregen Auswäertsmatch um Programm. Am Süden vum Land geet et geint den Tabelleneischten vu Scheffleng.
Um Schefflenger Terrain ass eis Statistik mat 4 Punkten an 2 Matcher gudd, des well Equippe weider ausbauen an domadder och Heemneierlaag an der Hinronn (1-0; Goal no 10 Sekonnen) revideiern.
Keng einfach Missioun mee mam Kamfogeescht deen Equippe all Match weisst, ass alles dran.