coupe de luxembourg
staark leeschtung

Staark eischt 20 Minutten goufen duerch eng gudd Eenzelaktioun vum Sabin belount. Dono ass Bissen bis zur 60ter besser an de Match komm ouni richteg gefeierlech ze gin.
Dei lescht 30 Minutten hun dun erem deenen Blo Wäissen geheiert. Een Eegegoal an een verwandelten Foulelefmeter vum Sabin (no Feeler un him) besuergen eng 3-0 Victoire an 3 Punkten dei um Bloen Eck bleiwen.
Staark Leeschtung an wichteg Punkten an der Eirepromotioun.

traipenowend
spektakel bei der zweeter

Een riesen Spektakel um Meindeg Owend.
Beid Equippen hun een rassegen, staarken an spannenden Match gewissen. Heichen Niveau vun der eischter Minutt hun an Zuschauer haaten hiren Spaass.
Op Miedernacher Säit war den Bruno Pereira Man of the Match, deen vill 1 geint 1 Situatiounen staark entschärft huet.
Opstellung: B. Pereira, J. da Mata, J. Miranda, T. Mazouin, N. Windal, A. Fernandes, F. Maillet, I. Moreira, J. N'Jweipi (67. J. Ildefonso), P. Silva (88. D. Stoltz), T. Palma (90. P. Alves).

Auswaerts zu monnerech
Drett Equippe wennt zu maacher

Eis zweet Reserve hat haut een schweieren Auswäertsmatch am Osten vum Land. Um syntéteschen Terrain vum Stade op Flohr konnt Equipe hir eischt Victoire afeieren. Mat engem 6-0 kennen sie sech duerchsetzen.
Fréi am Match 2-0 fir, war et den Kapitän Patrick Alves am Goal deen den Virsprong duerch een gehaalenen Foulelefmeter secheren konnt. Mat dem Resultat ass et an Paus gaan.
Nom 3-0 gouf et den nächsten Reckschlag mat enger Giel-Rouder fir eisen Verteideger. Mee Equipe huet sech net aus dem Konzept brengen geloos an huet weider no fir gespillt.
Den Donny Hoffmann mam 5-0 an den Patrick Alves mam 6-0 per 11m hun dun den Schlusspunkt op desse Match gesaat.
Nom Match haaten mer den stolzen Trainer Ben Schieres, seng eischt Saison am Veräin, am Interview: " Mir hun haut villes em konnten setzen wat mer um Training traineiert hun, dobäi hun mer och mach eng nei Opstellung probeiert dei realtiv gudd fonktioneiert huet. Jongen waren heich motiveiert, hun als Equipe zesummen gespillt an et faerdeg bruescht een einfacht Spill opzebauen, mat kuerzen Passen. Ech sin stolz op meng Equipe dei et net emmer einfach huet an enger Resvere 2 ze spillen, wou jonk an al zesummen gewürfelt geet. Mee wann mir deen Wee weider fueren, stin Chancen gudd, eng Plaatz am gudde Mettelfeld ze secheren."

keng goaler um bloen eck

Een spannenden Match huet sech haut um Nometten zu Stegen ofgespillt.
Eisen Ante Bukvic huet no 90 Sekonnen een Käpper no Korner op Latt gesaat. 3 Minutten drop gouf et 11m fir Mertert an den Loic Parnasse konnt dessen pareieren. Dono war Mertert eng Zäit um Drecker mee mir sin besser an de Match komm.
Zweet Halschent war een openen Schlagabtausch, beid Goalkeeperer waren haut gaanz staark an konnten 0 hannen haalen, an domadd huelen mir um 8ten Spilldaag eisen eischten Unentschieden fir des Saison!
Opstellung: Parnasse, Bukvic, Malheiro Martins, M. Martins, T. Martins, Tebboub, dos Santos (58. Maillet), Gallois, Lopes Gomes, Kneip (70. Ferro), Yagremongo (89. Dammicco)

doheem geint umw
3t ronn gebucht

Auswäerts zu Eschduerf bei stiermeschen Wierder konnten mir eis duerchsetzen.
Duerch een Kracher an de Wenkel vum Len Kneip konnten mir mat enger Feierung an Halbzeit goen.
Nom gudden an waarmen Pausentéi gouf eng Schepp drop geluescht an um Enn war et een kloeren 4-0 fir eis Faarwen.
Erfreelech war den Comeback vum Sabin Yagremongo an Pedro Ferro no Verletzungspaus!