6. spilldag
Nom groussen Kampf an der Coupe geet et weider mam Alldag an der Liga. No der Neierlag geint Mäertzeg wellen mer am Championnat zereck an Erfollegspuer.
Dest doheem, geint den Opsteiger an nach Punktlosen AS Wentger. Zesummen wellen mer dei 3tn Victoire am 3tn Heemmatch huelen, dofir kommt alleguer en Sonnden Nometten op den Bloen Eck.
De Matchball geet vu eisem freieren PräsidentJean-Marc Clesen gesteft, him e grousse Merci.

vill huet net gefehlt
De groussen Kampf gouf knapp net belount. Equipe huet gekämpft an geackert, nie opginn an sech an all Ball geschmass. Den Rekordchampion haaten mir um Rand vun der Neierlag mee am 11m Scheissen huet 1 Goal gefeelt an domadder den Out.
Et kann een awer Stolz sin op Leeschtung vun der Equipe an och Supporter hun Leeschtung unerkannt an Equipe nom Match mat Applaud opgemontert.
Klickt op RTL Play Bild fir Emissioun Goal ze gesin

2. ronn coupe de luxembourg
De Rekordchampion mat 28 Titel kennt op den Bloen Eck. E Sonnden em 16h00 ass et souweit, 2 Ronn vun der Coupe de Luxembourg steet um Programm an Losfee huet eis den Traditionsveräin Jeunesse Esch zougeloust.
Dofir kommt alleguer en Sonnden Nometten op den Bloen Eck an kuckt Iech dessen historeschen Match un.

hefteg neierlag
Mund abputzen und weitermachen. Mei geet er heizou net ze soen.
Eenzegt Positiv trotz groussen Reckstand huet Equipe eng kleng Reaktioun gewissen.

knapp victoire geint alliance
No enger staarker eischter Halschent an enger verdengter 3-0 Feierung huet Equipe zweet Halschent geziddert. Alliance huet net opginn ass zereck komm, mee Equipe huet sech erkritt an erkämpft sech dei 3 Punkten iwwert Zäit.
4 Victoiren um Steck an en Sonnden geet et bei eng ausgerouten Mertzeger Equipe. Hiren Match haut gouf nämlech ofgesoet.
Groussen Merci un eisen neien Präsident Diogo Valente fir den Ball vum Match haut.

5. spilldag
Ofschloss vun der englescher Woch, dest elo en Sonnden em 16h00 zu Mäerzeg an de Burwiesen.
Een gaanz schweieren Match, wou mir eis lescht Joer an der Hinronn och missen chancenlos geschloen gin. Reckronn haat dun besser ausgesin fir eis. Mir kennen eis also op ee spannenden an gudden Match freeen.
Mäerzeg war lescht Joer am Barragematch an well och dest Joer een Wuert uerwen matschwetzen. Annescht ewei mir, konnten sie sech awer e Mettwoch schounen, gouf hiren Match geint Schieren verluescht.
Eis Jongen hun awer Selbstvertrauen en Masse getankt mat 4 Victoiren um Steck.
Dofir kommt alleguer e Sonnden op Mäerzeg an ennersetzt eis Equipe!

coupe de luxembourg auslousung
Coupe de Luxembourg ass ausgeloust an et kennt eng BGL Equipe op den Bloen Eck.
Et ass keen gerengeren ewei den Traditiounsveräin a Rekordchampion (28x) Jeunesse Esch.
De Match wäert normalerweis den 21.09 em 16h00

4. spilldag
Nom Coupe Match geet et Schlag op Schlag, schon Mettwochs geint Alliance Äischdall op den Bloen Eck fir de Compte vum 4. Spilldag.
Upaff ass em 20h00.
Dessen Match geet dann och nierwend dem Terrain vun de Leit vum Humpen Hattrick begleet.
De Matchball geet vum neien Präsident Diogo Valente gesteft, him e grousse Merci.

1. ronn coupe iwwerstaan
Ewei e Sonnden zu Gilsdref war et hei Housen dei hir eischt Chancen haaten. Mee de Ball wollt net ran, mir haaten Chance an sin eiskaal virum Goal bliwwen. Och den ausgläich huet Equipe, wou eng grouss Rotatioun war, net gestoppt. Mir gin a Feierung an wannen um Schluss de Match 3-1. Den 21. September steet dann dei zweet Ronn un.
Lo en Mettwoch ass Championnat geint Äischdall, wou den Humpen Hattrick een Reportage maachen kennt! Dofir sidd alleguer do!

saison opening jugend
matchball saison 25/26
Mellt Iech elo fir Ären Ball de Match vun der neier Saison.
Schreift eng E-Mail un [email protected] oder mellt Iech bei engem Member vum Veräin.
Mir gingen eis iwwert all Don freeen.

1. Ronn - coupe de luxembourg
Zwou Wochen nom Championnatsmatch kennt As Housen dessen Samsden Owend em 19h00 erem op den Bloen Eck.
Fir de Compte vun der 1. Ronn an der Coupe de Luxembourg kennt et zum Duell vun den selweschten Divisioun an Bezirksequipen! Keen einfachen Match, mee am Championnat konnten mer eis mat 5-2 duerchsetzen.
Dest soll awer net blenden, well bekanntlech wessen mer all dass Coupe hir eegen Gesetzer huet!
Dofir kommt all dessen Samsden Owend op den Bloen Eck an ennerstetzt eis Equipe, dass et an dei zweet Ronn vun der Coupe geet.

zweet gewennt zum optakt
Victoire zu gilsdref
No enger schwaacher eischtee Halschent konnten mer frouh sin mam 0-0 an Paus ze goen. No der Paus war dei eischt Chance och op de Compte vun Gilsdref gaan. Mee eis Equipe, 21.13 Joer am Schnett jonk(!!!) huet dogeint gehaaln. An ewei den Coqu opeemol fräi virum Goalkeep stung, ass hien eiskaal bliwwen, an mir waren 0-1 fir. Dono war et een Slapstick Goal zum 0-2. Dem Thiel versprengt de Ball, de Verteideger well klären, scheisst den Thiel of an per Bogenlampfe fällt den Ball iwwert de Keeper ran. Zum Schluss war et dann den Ribeiro deen alleng op den Keeper zouleeft, laanscht dessen geet an den eidelen Goal trefft.
Domadd wannen mir den zweeten vun drei Matcher am Championnat an gin mat Reckenwand an de Coupe Match en Samsden um Bloen Eck (19h00) geint Housen.