neierlag geint schieren

Eischt Halschent ass nach relativ roueg ofgelaaf, no 18 Minuten sin mer duerch den Coqu a Feierung gaan. Den Goal huet den Maene duerch eng staark Eenzelleeschtung op der Säit ageleed. Kuerz virun der Paus huet Schieren den Ausgläich fonnt.
Aus desser Paus raus ass Schieren mat Volldampf komm. Fir eischt een Seitfallzieher an dono een direkten Freistouss an et stung duerch des 2 Draamgoaler 1-3. Eise Trainer huet mat offensiven Wiessel reageiert an Equipe huet Gas gin. Den Coqu fennt no Handelefmeter den Uschloss an mir hun weider op den Ausgläich gedreckt, mee och bescht Occassiounen sin leider net ragaan an domadder mussen mer eis op dessem leschten Sonnden am Mäerz geint Schieren geschloen gin.

breaking news - Abrellsgeck

[Update]: Dest war ee klengen Abrellsgeck vun eiser Säit. Mir hoffen dir haat all ären Spaass!
Mir sin frouh Iech kennen matzedeelen dass den FC Blo-Wäiss Miedernach ab der Saison 2025/2026 erem eng Damenequipe un de Start scheckt.
D' Equipe wäert an der 3. Damenliga un de Start goen.
Mam Micha von Sayn Wittgenstein hun mer och eng intern Leisung fir dessen Projet kennen iwwerzeechen an hien freet sech schon op dei nei Saison: "Ech freen mech op des nei Erausfuerderung an no etlechen Joeren am Jugendbereich elo dessen neien Challenge an Ugreff ze huelen an zesummen mam FC Blo-Wäiss Miedernach am Damenberäich erfollegräich ze sin."
Fir dessen Challenge hun mer och schon puer Spillerin enner Kontrakt geholl an dei wäerten mer Iech natierlech an den nächsten Deeg op eisen Säiten präsenteieren.
Hinnen all soen mer elo schon Merci fir dat Vertrauen wat se an eisen Veräin stiechen an mir hoffen dass dir och sie dann an der neier Saison vun der Tribün aus ennerstetzt.

22. spilldag

22. Spilldag kennt et zum Noperschaftsduell mat Schieren.
An der Tabell ass Schieren Tabellendretten, sie missten sech awer leschte Weekend geint Stengefort geschloen gin. Mir konnten mat eiser Victoire zu Habscht erem an Erfollegspuer fannen an wellen dest elo doheem um Bloen Eck bestätegen.
De Matchball geet vum Romain Clesen gesteft, him e grousse Merci.

Verdengten Auswaertsvictoire

No enger Latt vun Äischdall an engem Poteau vun eis waren Supporter op beiden Säiten seier wakreg. Dono war et eis Equipe dei mat zwou scheinen Aktiounem zwee Goaler hannerteneen scheissen konnten. Weider Chancen sin ongenotzt bliwwen.
No der Paus kum den Äischdall besser aus der Paus mee eis Equipe huet seier eng Reaktioun gewissen. Mir hun eis weider Chancen erausgespillt mee de Ball wollt net mei ran. Dono ass de Match fir 20 Minuten, och duerch 8 Wiessel, verflaacht. An der Schlussphase wollt den agewiesselten Courbera nach dem Match sengen Stempel opdrecken mee seng 2 gudd Chancen hun de Wee net an de Goal fonnt.

21. spilldag

No 2 Neierlagen hannerteneen geet et fir eis Equipe bei den Opsteiger op Habscht.
Alliance Äischdall huet leschte Weekend gewonnen an steet op enger Barrageplatz geint den direkten Ofstiig.
Den Hinmatch konnten mir eis mat 4-1 duerchsetzen.
Kommt also alleguer op den Käercherbierg an ennerstetzt eis Blo-Wäiss Faarwen.

FLF u13 & U15 Testmatch

Mettwoch stin dann bei eis um Bloen Eck zwee international Testmatcher um Programm.
U13 an U15 vun der FLF spillen em 17h30 geint hir jeweils Alterskollegen vum KAS Eupen aus der Belsch. Matcher laafen zäitgläich um eischten an zweeten Terrain of.
Buvette ass ewei gewinnd op!

neierlag geint baastenduerf

Neierlag geint Baastenduerf. Mir sin gudd an de Match komm mee hun eis Chancen net genotzt, den Schmitz ass no Freistoussflank eiskaal bliwwen an verwandelt. Kuerz virun der Paus war et erem Schmitz deen virum Huriez un de Ball kum an dun ouni Problem an den eidelen Goal verwandelen konnt.
No der Paus bestrofen mer eis mat enger Giel-Rouder Kaart. Equipe huet awer nie opginn mee dat ronnt wollt einfach net an dat eckegt! Baastenduerf kruet dun och nach eng Giel-Roud an den Kontz konnt just nach fir Ergebnisnosmetik suergen.

20. spilldag

No der Neierlag geint Luerentzweiler geet et desse Weekend erem um Bloen Eck weider. Zu Gaascht ass den FC47 vu Baastenduerf.
Hiren Start an Reckronn war net dei beschten mat nemmen 3 Punkten aus 4 Matcher. Aus der Woch haaten sie dann nach een haarden Coupe Match geint den F91 Diddeleng an den Been. Trotzdem ass Baastenduerf eng Equipe dei een niimols ennerschätzen dierf an wou een bis zum Schluss 100% muss gin.
Dofir kommt all en Sonnden op den Bloen Eck an ennerstetzt eis Blo-Wäiss Equipe.
De Matchball geet vum Charel Weiler gesteft, him e grousse Merci.

knapp Neierlag

Een Match deen alles haat. Mir sin frei duerch een Abstauber vum Coqu a Feierung gaan, dessen Goal konnt Luerentzweiler seier egaliseieren an end eisen zu Null Laf no 757 Minuten.
Dono war et um Schimei, deen per Tor des Monats, engem Freistouss aus 30m, Feierung erem hirgestallt huet.
Des Feierung huet laang gehaalen, mee an der Schlussphase huet Luerentzweiler gewissen firwat sie ongeschloenen eischten sin. Sie sin gerannt an hun gedreckt haaten Chance em Chance an hun de Match gedreint.
Mat zwou Roude Kaarte bestrofen mir eis och nach fir dei nächst Matcher.
Trotzdem kann Equipe stolz sin op Leeschtung an muss de Kapp heich haalen.

19. spilldag

No 3 Victoiren um Steck, steet en Sonnden een richtegen Härtetest um Programm. Et geet geint den Matofsteiger vun Luerentzweiler.
Bei dessem Auswäertsmatch treffen mer net nemmen op den Tabelleneischten aus der 1. Divisioun - 1. Bezirk mee och op eng nach emmer ongeschloen Equipe.
Am Hinmatch missten mer doheem eng 0-3 Neierlag astiechen, mee mam gewuessenen Selbstvertrauen aus de leschten Wochen probeieren mer och en Sonnden een positivt Resultat siichen ze goen.

2. equipe
|
junioren
|
weider ouni geigegoal
Haard erkämpften Victoire bei eiskaalen Temperaturen.
No enger Flank vum Harani konnt den Gueye aus kuerzer Distanz rakäppen, wat och schon de Schlusspunkt war. Den Desbordes am Goal huet mat 2 Paraden Null erem gehaalen.
Domadd stin an der Reckronn, no 3 Matcher, 9 Punkten an keen Geigegoal an den Statistikbiich

battert resultat

Spannenden an haart emkämpften Match fir eis zweet Equipe. Kuerz no der Paus waren mer 0-1 a Reckstand gaan, mee duerch eisen Rückkehrer Maxime Thiel hun mer de Match gedreint. Dest Resultat hun mer bis bal gaanz zum Schluss gehaalen mee an der 7 Minutt vun der Nospillzäit huet Entente nach den Ausgläich fonnt. Direkt no dessem Goal gouf ofgepaff. Batter...
18. spilldag

OPGEPASST: Upaff ass Samsden um 18h00!
Den eischten Mäerz am Joer ass och direkt Föössamschden, an et steet een Heemmatch fir eis eischt Equipe um Programm.
No zwou 3-0 Victoire zum Optakt vun der Reckronn kennt Housen op Besuch. Housen huet Reckronn mat zwou 3-1 Victoiren ugefangen also treffen zwou Equipen openeen dei an Topform sin!
De Matchball geet vum Fred Wolf gesteft, him e grousse Merci.
Nom Match ass dann ab 21h00 an der aler Sportshall de Klatzebal vun eisen Kollegen vum KC92 Miedernach.

2. equipe - 13. spilldag
|
junioren - 3. spilldag
|